kalimah.top
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

luka tonnar – kuelen كلمات اغاني

Loading...

[verse 1 _ .luk]
iwwrall wou ech trëppele leie rousen op dem bueden
an ech krut grad meng gage, dofir kann ech ee bezuelen
ëmmer wann ech bei dir si vergiessen ech meng suergen
an du richs sou gutt ech mengen, ech muss dech bestueden (ha)
looss deng nummer riwwer wuessen
wéis de gesäis sinn ech nach ëmmer net erwuessen
ech well net alles eescht huelen
mee maache gär musek jo déi spiers de bis an d’wueden
sinn ofgehuewe mee ech schwätzen net vun uewe rof
ech kenne mech wëll vill ze gutt bleiwen dem bueden no
hunn e feier a mir mee heiansdo gi d’kuele gro
geheien dofir kuelen no, well so bleift den uewe chaud
huelen en zuch ootmen aus, problemer huelen of
huelen nach en zuch an d’problemer déi si rëm do
an mat der zäit huelen iergendwéi rëm d’fuerfen of
dofir molen ech mir mäin himmel blo, ey

[hook: .luk]
ech lafe wéi op kuelen
ech lafe wéi op kuelen
kuck ech lafen
wäert mech iergendwann anhuelen
mee ‘t wäert mech iergendwann anhuelen
jo t’ wäert mech iergendwann anhuelen
kuck ech lafe wéi op kuelen
jo ech lafe wéi op kuelen
kuck ech lafe wéi op kuelen
wäert mech iergendwann anhuelen
mee ‘t wäert mech iergendwann anhuelen, ey, ey
[verse 2 _ corbi]
ech lafe buerféiss wéi op kuelen
dat liewe mécht mécht kal dofir droen ech keng suelen
an hunn ech emol suergen, do ginn ech en huelen
kucke gär an d’luucht well alles guttes kënnt vun uewen
kucke gär an d’glas mee och dat mécht mech verduerwen
loossen et awer fléisse bal esou wéi d’uelzecht
e puer bars mam .luk gi ma kraaft eẃei eng muelzecht
a feelt et mir u zwier sichen ech nom roude fuedem
an ass een emol uewen, dann ass een och dem struewelen no
sichen no der äntwert an ech stelle mech a fro
ze vill kino an der bëlz, schloen däin ego huel a blo
d’liewe gëtt méi grouss mee ech hunn en huele mo
bleiwe fokusséiert hei ass duerchbléck gefrot
och wann dat mär net schmaacht sou wéi knueweleks_zalot
kréien keng kal féiss, soulaang ech wotlech bueden
lafe wéi op kuelen, dat ass d’kraaft vum roude buedem

[hook: .luk & corbi ]
ech lafe wéi op kuelen (wéi op kuelen)
ech lafe wéi op kuelen
kuck ech lafen
wäert mech iergendwann anhuelen (iergendwann anhuelen)
mee ‘t wäert mech iergendwann anhuelen (iergendwann anhuelen)
jo t’ wäert mech iergendwann anhuelen
kuck ech lafe wéi op kuelen
jo ech lafe wéi op kuelen (jo)
kuck ech lafe wéi op kuelen
wäert mech iergendwann anhuelen (iergendwann)
mee ‘t wäert mech iergendwann anhuelen (iergendwann), ey, ey
[outro : corbi]
iergendwann, iergendwann
iergendwann, iergendwann

كلمات أغنية عشوائية

اهم الاغاني لهذا الاسبوع

Loading...