kalimah.top
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

de lol – egal كلمات اغاني

Loading...

egal
d’gesiichter déi sinn voller angscht
hysterie am ganzen land

een infernaleschen feind ass do
et ass dem urian säin kand

global verbreet an onsiichtbar
geplatzten dreem onendlecht leed
vum mënsch gezischt wien weess dat schonn
et ass egal keen hält hien op

op schwaarz oder wäiss op rout oder giel
d’faarf ass egal mir setzen an der fal
op räich oder aarm op grouss oder kleng
et ass him egal mir zielen alleguer gläich

uferlos an ongebremst
duerch d’welt gedroe vun mënsch zu mënsch
keng waff keen gott hëlleft ons lo
mir setzen all an engem boot

rassismus den ass fir hien friem
h0m_phobie dat kennt hien net
mënschen all gläich de glawen egal
wënns du och bass du entkënns him net

op schwaarz oder wäiss op rout oder giel
d’faarf ass egal mir setzen an der fal
op räich oder aarm op grouss oder kleng
et ass him egal mir zielen alleguer gläich

et ass een novum de kampf gëtt schwéier
een virus weist ons wou d’grenzen sinn
worldwide united dat gouf et nach ni
chancëgläichheet fir jiddwereen

op räich oder aarm op grouss oder kleng
et ass dach egal mir zielen alleguer gläich
op schwaarz oder wäiss op rout oder giel
d’faarf ass egal mir setzen an der fal

كلمات أغنية عشوائية

اهم الاغاني لهذا الاسبوع

Loading...